Em wat geet et?

Déi dräi jonk Geeschter Isidor, Gertie a Leo si Frënn déi beim Professer Héngerhaut an d’Schoul ginn. Fir “richteg” Geeschter ze ginn, mussen si awer nach vill léieren, wéi zum Beispill duerch Mauere goen oder den eegene Kapp erofschrauwen.

D’Geeschter mierke séier wéi wichteg et ass an der Klass opzepassen, fir sech net an d’Laberenten ze bréngen. Ënnerwee brauche si d’Hëllef vun de Kanner fir geheim Stoppen ze knacken, eng Geeschterfal opzemaachen a Geeschterjeeër mat Zauberspréch ze bekämpfen! Eng schéin, spannend a witzeg Geschicht, an där ënnerwee eppes iwwer Frëndschaft, Angscht a Courage erzielt gëtt.