2014 – Dat as dach keng Konscht!

Em wat et geet

Bis elo huet den Toaffiche_Sm vläicht gutt, mee ouni Erfolleg Portraiten gemolt. Säit en awer am Geck mat engem abstrakte Bild a verkleed op e Vernissage gaangen ass, ass en als lénksen Artist Umberto Pastellini weltbekannt.

Mat Widdermut huet den Tom déi Roll akzeptéiert, well schliesslech dreemen hien an seng Fra, d’Jenny, vun engem schéine kléngen Haischen. Mee, et dierf awer keen eppes vu sénger duebeler Identitéit wëssen, well eléng schonn de Mythos em de Pastellini, vun deem et keng Fotoe gëtt, mécht seng Biller wertvoll.

Wou enges Dages dat ganzt riskéiert opzefléien, iwwerhëlt d’Jenny gezwongenermoossen d’Roll vum Pastellini. Dat berouegt zwar de mësstraueschen George, mécht d’Saach awer méi komplizéiert, wou dunn och nach eng Reporterin opdaucht an e mystériéisen Polizist, deem dem Pastellini säi wertvollst Bild virunn engem Déif beschütze wëll.

Den Tom ass keng grouss Hëllef, well e Stroumschlag hie streckeweis schachmatt setzt…

Leave a Reply