2012 – D’Klinik um Schleedbuer


D’Schéinheetsklinik „Schleedbuer“ gëtt renovéiert. De Propriétär vun der Klinik, e bekannten Schéinheetschirurg, ass fir déi Zäit vun de Renovatiounsaarbechten op e Kongress an en huet säi Personal an de Congé geschéckt. Just d’Simone an d’Josette, déi zwou Botzfraen, sinn am Dingscht. Do kënnt den Usträicher Risch mat séngem Gesell Heng an d’Klinik. D’Simone an de Risch, déi schlecht Erënnerungen hunn un hir gemeinsam Schoulzäit, maachen sech géigesäiteg vir, si wären Schéinheetschirurgen. Dat geet just esou laang gutt, bis, onerwaart, déi éischt Patiente kommen. D’Barbie, dat onbedingt am „Wann s d’eppes kanns“ gewanne wëll, de Robi, deen de Probleem mat séngen Tréinesäck wëll an de Grëff kréien. Op eemol leeft alles hott an har. Et gëtt och net besser wéi och nach den Dokter Metzler, deen de Propriétär vun der Klinik ersetze soll opdaucht, d’Stagiaire Sandy an de begeeschterten Aloe-Vera-Vertrieder Sam matmëschen.

Leave a Reply