2017 – Nieft der Schinn

Gespillt gett den: 20.1, 21.1, 27.1, 28.1 um 20:00 an den 29.1 um 17:00 zu Buurschent am Festsall vun der aler Gemeng.

Reservatiounen:
Email: apeef@pt.lu
Tel: 621 704 952

Et spillen: Marc Baatz, Colette Emering-Storn, Marise Frauenberg-Jung, Paul H. Keltesch, Denise Nicolay-Mohnen, Luc Schumacher, Joanne Steichen, Claude van Maris, Marco van Maris, Alain Weber
Regie: Claude Juchem
Pësperkëscht: Monique Becker
Organisatioun: Elterevereenigung Buurschent asbl a Kuliss asbl

De Fernand Reiter, Minister vun der aktueller Regierung, plangt eng Nuecht mam Jeanne Wilmes, eng Sekretärin, dat bei der Oppositioun schafft, am Hotel ze verbréngen. Et ass kloer, datt dat net riicht aus goe kann, zumol wou se direkt am Ufank eng Läich an der Fenster hänke fannen, vun der Fënster erschloen, déi bei all gutt Geleeënheet erofknallt.

De Fernand bestellt säin Assistent, de George Petit, fir datt deen him hëlleft a bréngt et fäerdeg datt deen duerch seng Ligegeschichten ëmmer méi Probleemer kritt.

Et gëtt net besser, wou dem Jeanne säi Mann, de Ben, opdaucht an sech den Direkter an de skrupellosen Alfred, e Garçon am Hotel, och nach amëschen.

facebook