Den Oskar leet een Ee

Sou huet eist Stéck geheeschtwat mir fir Kanner aus der Grondschoul gespillt hun.

Mir sinn eng engagéiert Ekipp déi och am Wanter Kaméidistécker spillt, an déi elo dëse Projet fir Kanner op d’Been gesat huet. D’Akteuren vum “Oskar leet een Ee” waren:

  • Luc Schumacher als Iesel
  • Colette Emering-Storn als Hung
  • Paul H Keltesch als de Bauer Oskar
  • Alain Weber als Hond
  • Marise Frauenberg-Jung als Kaz
  • Marco van Maris als Kueder

Desweideren hun un dëser Produktion gehollef:

  • Regie : Denise Nicolay-Mohnen
  • Regieassistenz : Monique Becker
  • Iwwersetzung : Alain Weber
  • Musik : Claude Juchem
  • Bühn : Andrée Mack an Luc Schumacher
  • Kostümer : Jennifer Robinson

Mir hun ‘Den Oskar leet een Ee’ gespillt :

  • 13. Juli 2015 zu Buurschent
  • 14. Juli 2015 zu Grousbus
  • 30. Oktober 2015 zu Nacher
  • 20. Mäerz 2016 zu Konsdrëf
  • 25. Mäerz 2016 zu Greiweldeng
  • 15. Abrëll 2016 zu Woltz
  • 23. Abrëll 2016 zu Elleng am Kader vum Theaterfestival vun der UGDA
  • 8. Mee 2016 zu Kolmer-Bierg
  • 29. Mee 2016 zu Beefort
  • 9. Juli 2016 zu Tandel
  • 11. Juli 2016 zu Medernach
  • 14. Oktober 2016 zu Wahl
  • 28. Oktober 2016 zu Harel
  • 10. Februar 2017 zu Fréiseng
  • 12. März 2017 zu Recken un der Mess
  • 26. März 2017 zu Gilsdorf
  • 29. März 2017 zu Schëtter
  • 12. Mee 2017 zu Wëlwerwolz
  • 31. Mee 2017 zu Wuermer
  • 07. Juli 2017 zu Wëntger
  • 08. Juli 2017 zu Bissen
  • 15. Juli 2017 zu Buurschent

Em wat et goung am Stéck:

Oskar_MDe Bauer Oskar huet d’Aarbecht net erfonnt a beschäftegt dofir e puer Déieren op sengem Bauerenhaff. Dass e guer näischt vu sengem Geschäft versteet, beweist en doduerch, dass en d’Déiere Saache maache léisst, déi se net bewältege kënnen.
Sou muss déi schneekeg Kaz op dem Bauer säin Iessen oppassen, den Iesel soll Mais fänken, den Hond esouguer all Dag en Ee leeën an d’Hung och nach eng schwéier Këscht schleefen.
Wat eng Chance, dass d’Déieren sech gutt ënnerenee verstinn, a wou e frieme Kueder engagéiert gëtt, fir op de Bauerenhaff opzepassen, schaffen se alleguer zesummen a wiere sech géint de Bauer.