2010 – Alles fir ee Millionär


D’Lisa, d’Tütü, d’Mona an d’Maggi, 4 ausgeflippten Fraleit, loune sech vun deem wat d’Finanzkris hinnen iwwreg gelooss huet, en exklusivt Appartement op Al-Mënster. Mat dëser deierer Investitioun géifen se gäre Goldfësch (Millionären) un d’Aangel kréien, fir dass déi sech da spéider mat hinne bestueden. Mee wat notzt déi deierste Wunneng, wann déi 4 net emol wëssen, dass de Shakespeare keen englesche Béier, an eng Walz keng Kampfsportart ass. Fir de leschte Schlëff gëtt dann elo de Butler Henry engagéiert. Net nëmmen, dass deen all Hänn voll ze dinn huet fir déi 4 Fraleit op den Jet Set ze trimmen, neen hie muss sech och nach em dee verléiftenen, schwule Millionär Jérôme këmmeren. Den Abriecher Jean an den Antoine Schell maachen de Chaos da perfekt. Jo d’Millionären vun haut sinn och net méi dat, wat se mol waren. Bis déi 4 Dammen awer mierken, dass d’Léift méi wichteg ass ewéi d’Geld, enstinn op der Bühn nach esou munech turbulent Szeenen.

Leave a Reply