2015 – Duebelen Zodi am Stodi



De John Schmit ass Taxichaffeur, mat enger Fra zu Dikrech, enger Fra zu Ettelbréck an engem bis an d’Détail ausgeschafften Stonneplang. Andeem en sech strikt un dee Plang hält, ass hien déi 3 läscht Joer en erfollegräichen, wann och mitten, Bigamist. Enges Dages hëlleft hien enger aler Fra, déi iwwerfall gëtt, an hie kënnt mat enger klénger Gehiererschütterung an d’Spidol. Bei de Komplikatiounen, déi duerno ufänken, hëlleft him, obwuel net gären, säi Frënd Carlo, an de John versicht mat zwee Commissairen, der Presse, zwou ëmmer méi irritéierte Fraen an engem lénkse Noper eens ze ginn, bis hie ganz couragéiert alles zou gëtt – mee kee gleeft him!