2013 – Keng Gudd an der Kopp

affiche_2013_S

Dem Alice sénger Meenung no, ass säi Schwéierpapp e liddereche Näischnoz, dee just d’Suen drop mécht, well en sech mam Handy, Laptop a Moto amiséiert, amplaz um Haff matzeschaffen. Mee de gewëtzte Bopa huet nach aner formidabel Idien an esou ass stänneg eng lass bei de Millebuers.

De Bopa Pierchen huet sech de Moto mat der Sidecar geleescht well e mat der Boma Léinchen an Italien, wou se op hirer Hochzäitsrees waren, fure wëll. Mam Handy a mam Laptop bleift en a Kontakt mat séngem Enkelkand Zilvie, dat dëser Deeg vu séngem Auslandsstudium an Italien zréck erwaart gëtt.

D’Boma ass e bësse vergiesserlech an dreift de Versécherungs- a Staubsaugervertrieder Usch Weyrich bal op de Beemchen. Hie wollt dem Bopa dach just matdeelen, dass deem séng Liewensversécherung ausbezuelt gëtt. Elo drénkt en aus lauter Frust Hierlännerlikör – mat fatale Konsequenzen.

De Bopa erwëscht en Abriecher, gëtt em awer net Meeschter a kritt säi Portefeuille geklaut. Den Abriecher kënnt mam Bopa séngem Moto fort, lant awer no engem Akzident am Spidol mat engem décke Kappverband, sou dass keen en erkennt. Well en awer dem Bopa säi Portefeuille dobäi huet, schéint et kloer ze sinn ween do am Spidol läit. Dem Bopa geet et awer exzellent, hie verstoppt sech um Haff a spillt dem knéckegen Alice a séngem Mann Pol, déi sech Gedanken iwwer hier Ierfschaft maachen, eng no der anerer.

D’Stader Koppel Henri a Laure Gruber muss hier Vakanzerees ënnerbriechen, well se an den Akzident mam Moto verwéckelt sinn. Si mussen, ouni wierkelch Loscht drop ze hunn, hier Vakanz um Bauerenhaff verbréngen. Hei stoussen och zwou Welten openeen.

Wou d’Zilvie, an aneren Emstänn, aus Italien zréck kënnt, gehäit d’Bom erëm esou Munches duercherneen an erzielt der Schnauer, de Papp vum Kand wier en Italiener. Déi léisst de Bopa sech net entgoen an iwwerriet dem Zilvie säi Frënd, den Zerge, en Italiener ze spillen, dee Misär mat der Mafia huet.

Bei all dem Chaos, wënscht sech d’Alice näischt méi, wéi dass de Bopa erëm do ass an alles esou ass wéi fréier….

Leave a Reply