2018 – D’Walis

 

Den Heng préparéiert grad eng Gebuertsfeier fir seng Fra, d’Val. Hier gutt Frënn, de Vic an d’Helène, sollen all Moment kommen an den Heng ass nervös, well d’Val spéit un ass. Wou hatt schlussendlech kënnt, ass hatt ganz opgedréint. Hatt wëll direkt op Marrakesch auswanderen an dat aus engem gudde Grond: déi Wallis , déi hatt zoufälleg am Bus fonnt huet ass voller 100-Euro-Schäiner, déi zesummen 1.375 .000 Euro ausmaachen. Wann et awer liicht war d’Suen ze kréien, ass et emsou méi schwéier fir se ze halen, dee Moment wou net nëmmen een, mee zwee Polizisten opkräizen an d’Val , d’Helène , den Heng an de Vic e Kaz-a-Maus-Spill opféieren. Et kënnt zu Verwiesselungen a komeschen Situatiounen wou déi zwou Koppelen verschidden Identitéiten unhuelen fir d’Sue kënnen ze behalen. Geléngt et hinnen? De gewëtzten Taxichauffeur Mett huet d’Äntwert.