2009 – 6 am Pyjama

De Bernard kann et net erdroen seng Affaire Brigitte op hirem Gebuertsdaag doheem ze loossen. Leider ass säi Repertoire un Ausrieden vis-à-vis vu senger Fra, dem Jaqueline, soulues erschöpft. Kuerzerhand décidéiert heen dann einfach d’Brigitte bei sech heem ze invitéieren. Fir dass dat ganzt awer klappt muss säi Kolleg de Robert, deen och de Weekend invitéiert gin ass, als Frënd vum Brigitte fungéieren.
Déi Aufgab ass méi schwéier wéi geduet, well wéi den Zoufall et well huet de Robert och eng Affaire an zwar mam Jaqueline, déi hiren Aaen an Oueren natierlech net traut dass de Robert mat enger Frendin soll optauchen. An do wier dann och nach en 2. Brigitte, fir de Weekend och richteg an de Chaos ze stierzen.

Leave a Reply