Kannertheater

Mir sinn eng engagéiert Ekipp déi och am Wanter Kaméidistécker spillt, an déi elo och Theater fir Kanner spillt.

Während dene sëlleche Prouwen zu eise Wantertheateren si mir op d’Iddi kommen fir Theater fir Kanner aus der Grondschoul ze machen. Mir hun de Veräin Kuliss asbl gegrënnt, an alles vun Null un opgebaut.

Eist éischt Stéck huet ‘Den Oskar leet een Ee’ geheescht. Mir hun dest Stéck vun 2015 bis 2017 ob méi wéi zwanzeg Plazen gespillt. No enger klenger Paus am Joer 2018 geet et 2019 weider mat eisem nächste Stéck. Loost iech iwwerraschen.