2011 – Ee schaarfen Hond


Doheem bei Charpentiers gëtt gestridden. Emmer wann de Raymond op d’Aarbecht geet, treppelt en an Honsdreck. Dem Bréifdréier Edi geet et dselwecht an ausserdeem ass him schon di eng oder aner Kéier an d’Been gebass ginn. Kee Wonner, dass di zwee d’Hënn net gären hunn an esou e Veräin grënnen, de C.A.C. (Comité Anti-Chien). Mee géint dee Veräin trëtt en aneren un, d’Maulkuerfgéigner, dee nemmen aus Honsfrënn besteet. De Paschtouer mecht sech grouss Suergen, well säin Terrier op eemol verschwonnen ass.

De Raym an den Edi loossen sech esou Munches afalen fir d’Hënn vun hire Gäert eweg ze halen, wéi zum Beispill ferngesteiert Kazen oder elektresch Dréit.

D’Julie, dem Raym säi Meedchen huet sech, grad an der Situatioun, e klengen Hond ugeschaft, deen hatt elo viru sengem Papp verstoppe muss. De Sträit ass virprogramméiert, d’Zemmer gëtt an zwee gedeelt. Mee hatt wees sech ze hellefen. De klenge Mippchen gëtt bei de Raym an d’Kummer agespart, während hie schléift. De Raym gëtt ganz léif mat Samettepättchen erwächt a säin Herz fängt u mat schmëlzen. Duerch e puer Kompromesse verdroen sech dann och de C.A.C. an d’Maulkuerfgéigner.

Leave a Reply